Splash 2013
Mir schwammen fir de gudden Zweck!
Niewent dem Spaass um Schwammen geet et beim Splash natierlech och drëms fir Suen fir d’Odyssee 2013-Projet’en vun den Raro a Brasilien, Bosnien, Georgien, an Indien an am Senegal ze verdéngen.
Déi dësjäreg Editioun vum Splash ass an der Syrdall-Schwemm zu Nidderaanwen. De Splash ass den 2.2.2013 an dauert 12 Stonnen. Déi éischt Schwëmmer wäerten um 7:00 Auer am Waasser sinn. De ganzen Daach iwwer gëtt geschwomm bis dann um 19:00 Auer dee Läschten aus dem Waasser klemmt.
Weider Informatiounen ennert lgs.lu/splash
Geschriwen den 18.12.2012 um 08:27 vum Sven
Gespäichert ennert: Kalenner