Aktivitéiten

Mir annoncéieren all eis zukünfteg Aktivitéiten op eiser Facebook Säit. Gidd Member vun eiser Facebook Grupp, a bleiwt emmer um Laafenden!

Fotoen vum Carapio Camp

D’Carapio waren dest joer schon an der Péngschtvakanz op hiere Camp, an zwar waren si an der Normandie ennerwee.

An der Galerie fannt der all d‘Fotoen vun hierem Camp.

Fotoen vun der JoCaPi 2010

D‘Fotoen vun der JoCaPi 2010 sin online. Mir hun zwar just déi 17 Platz vun 20 gemaach, mee trotzdem hate mer Spass op der Journée Carapio zu Sandweiler :)

Carapio Weekend – Januar 2010

D‘Fotoen vun eisem Carapio Weekend vum 9. an 10. Januar sin online!

Mir waren zu Kalborn am héichen Norden, wou mer keng Boxemännercher gebak hun, Schlag den Chef gespillt, e Spuerespill am Schnéi gemaach, an dann nach Bowling an der Fuussekaul gespill hun.

Fotoen vum Carapio Camp 2009

D’Carapio sin haut vum BdP Bundeslager erem komm. Mir haten vill Spass mat eisem Partnergrupp, dem Stamm Artus vun Schwabach, zu Buhlenberg. D‘Fotoen vun de läschten 10 Deeg sin dann och schon hei um Site online. Vill weider Fotoen vum Camp gin et och op Flickr.

BuLa Panorama

Von dieser Stelle nochmals herzlichen Dank an Achim, Alex, Annika, Ann-Katrin, Bert, Bisi, Chris, Chrissi, Devi, Fiona, Harry, Kerstin, Kim, Maike, Nisi, Sonja und Steffi für die Gastfreundlichkeit! Es war einfach nur toll mit euch! Wir würden uns wirklich sehr freuen euch (spätenstens) nächstes Jahr auf unserem Lager in Luxemburg begrüssen zu können :) Man liest sich ;)

Fotoen vum Carapio Weekend

D‘Fotoen vun de Carapio hierem Grujel-Weekend sin online.

Carapio

Crossgolf Cup 2009

Den Datum fir déi 2. Oplag vun eisem Crossgolf Tournoi steet : de 9. Mee 2009 zu Luerenzweiler! Reservéiert iech alt schon desen Datum an ärem Agenda!

Weider Détailer kommen an deene nächsten Wochen a Méint op CrossGolf-Cup.com

D’Carapio op eBay

D’Carapio hun am Moment eng Partie Auktiounen op eBay laafen, fir e puer Euroen an hier Keess ze kréien. Vläicht ass jo eppes dobei dat iech interesséiert.

Et wärten spéider och nach e puer Auktiounen nokommen.

Lauter Mëller

Kee Kommentar :)

Fotoen vum Carapio Camp 2008

Déi éischt Fotoen vum Carapio Camp 2008 an Schottland sind online! Vill Spass beim kucken :)

E scheine Bonjour aus Schottland

D`Carapio schecken e scheine Bonjour vun Edinburgh op Letzebuerg!