Aktivitéiten

Mir annoncéieren all eis zukünfteg Aktivitéiten op eiser Facebook Säit. Gidd Member vun eiser Facebook Grupp, a bleiwt emmer um Laafenden!

Wellefcher um Wellefchersrallye

Wellefcher hun den 3 Juli 2011 um Wellefchersrallye um Senningerbierg deel geholl. Thema vum Wellefchersrallye war Chaos an der Musikswelt. Wellefcher sin matt hieren Cheffen duerch den Besch getreppelt an hun sech enerwee gudd duerch die organiseiert Spiller gekämpft. Sie waren immens motivéiert awer ass net grad duer gang fir ze gewannen. ;)

Vu dass den Wellefchersrallye em Thema Musik gangen ass hun Wellefcher sech missten eng Boyband raussichen an dozou eppes danzen. Anzwar hun sie ob Maria vun US5 gedanzt.

Wellefchersweekend – Februar 2009

wellefchersweekend-den-14-a-15-februar-2009-1761

Den 14 an 15 Februar 2009 hun Wellefcher en Weekend zu Ierpeldeng bei Dikkrech gemaach zum Thema Schokola:) mmmh. Ener anerem hun mir, Wellefcher en Schokolaskuch, e Quiz iwer de Schokola an Spiller mam Schokola gemaach:)

Fotoen vum Biber a Wellef Camp 2008

Mir sin rem zreck an domatt sin och endlech dei eischt Fotoen online

Eis motiveiert Biber a Wellef

Eis motiveiert Biber a Wellef

Fotoen vum Biber a Wellef Weekend sin endlech do

Hei sin endlech Fotoen vun dem Weekend deen mir matt den Biber an Wellef gemaach hun. Mir waren matt hinnen den 3. an 4. Mee zu Beggen am Chalet enert dem Thema ZIRKUS. Sonndes Mettes hun Wellef hirt Verspriechen gemaach an all Biber an Wellefchen deen nach keen Foulard hat huet en kritt.