Aktivitéiten

Mir annoncéieren all eis zukünfteg Aktivitéiten op eiser Facebook Säit. Gidd Member vun eiser Facebook Grupp, a bleiwt emmer um Laafenden!

Buergbrennen

Traditionellt Buergbrennen op der Schanz

Chrëschtmaart

Eisen traditionellen Chrëschtmaart am Centre Culturel.

Elterenowend

E gesellechten Owend mat Sketcher fir d’Elteren an d’Frenn vun eisem Grupp.

Meekranz

Mir maachen eisen traditionellen Meekranz a grillen beim Neolithikum zu Blaaschent.

Pélé des jeunes

Mir trëppelen vu Luerenzweiler bis an d’Stadt.

Kéis-Owend

D’Raro invitéieren op Iech häerzlech op hiren Kéisowend zu Luerenzweiler am Foyer. Et erwaard Iech e flotten Owend mat der aler traditioneller Kéisraclette.

Präis: 25 Euro pro Persoun

Umellen bis den 20. Februar ënnert der Nummer 621 758 116 (Germain Fournelle)

Ouschteréeraktioun

Mir verkaafen Ouschteréer fir e gudden Zweck

Kanu Dag

Um Kanu Dag bilden eis Cheffen sech weider, souzesoen eng Formation continue bei de Guiden a Scouten.

Buergbrennen

Eis traditionelt Buergbrennen zesummen mat de Scouten vun der FNEL op der Schanz.

Splash 2013

Mir schwammen fir de gudden Zweck!

Niewent dem Spaass um Schwammen geet et beim Splash natierlech och drëms fir Suen fir d’Odyssee 2013-Projet’en vun den Raro a Brasilien, Bosnien, Georgien, an Indien an am Senegal ze verdéngen.

Déi dësjäreg Editioun vum Splash ass an der Syrdall-Schwemm zu Nidderaanwen. De Splash ass den 2.2.2013 an dauert 12 Stonnen. Déi éischt Schwëmmer wäerten um 7:00 Auer am Waasser sinn. De ganzen Daach iwwer gëtt geschwomm bis dann um 19:00 Auer dee Läschten aus dem Waasser klemmt.

Weider Informatiounen ennert lgs.lu/splash