Demnächst

Buergbrennen 2012

D’Souten vu Luerenzweiler (FNEL an LGS) invitéieren iech härzlech op d’Buergbrennen zu Luerenzweiler.

De ganzen Nomëtteg iwer kennt Dir eis op der Schanz besichen, an eis bei der Aarbecht nokucken.

Vun 15.00 Auer un ass fir Iessen a Gedrenks gesuergt.  Den Heichpunkt vum Owend ass um 19.00 Auer, wann d’Buerg gebrannt get.

Facebook Event: http://www.facebook.com/events/372924732722760/

Buergbrennen 2011

D’Fotoen sinn endleg online!

D’Souten vu Luerenzweiler (FNEL an LGS) invitéieren iech härzlech op d’Buergbrennen zu Luerenzweiler.

De ganzen Nomëtteg iwer kennt Dir eis op der Schanz besichen, an eis bei der Aarbecht nokucken.

Vun 15.00 Auer un ass fir Iessen a Gedrenks gesuergt.

Den Heichpunkt vum Owend ass um 19.00 Auer, wann d’Buerg gebrannt get.

Fotoen Buergbrennen

D’Fotoen vum Buergbrennen 2010 sin elo och endlech online.

Vill Spass beim kucken!

Buergbrennen 2010

D’Luerenzweiler PNL an LGS invitéieren iech härzlech op d’Buergbrennen den 21. Februar zu Luerenzweiler. Dir könnt eis de ganze Weekend iwer op d’Schanz besiche ze kommen. Sonndes gett et och eppes ze drénken an eppes vum Grill.

Géint 19 Auer get d’Buerg dann Sonndes gebrannt.

Fotoen vum Buergsonnden online

D’Fotoen vum Buergsonnden sin elo och online.

Buergbrennen

Merci nach eng Kéier un all déi, déi de Weekend op der Schanz gehollef hun, un eis Sponsoren, den Schintgen Lol an den Scheffen Guy, an un de Fierschter vu Luerenzweiler, den Tom.

Buergbrennen – Éischt Fotoen

Déi éischt Foto vum Buergbrennen 2009 sin online.

Buergbrennen 2009

Dese Weekend ass nees Buergbrennen! Dofir invitéieren mir iech, eis de ganze Weekend iwer op d’Schanz besiche ze kommen. Sonndes könnt der och eppes drénken oder vum Grill iessen.

Buergbrennen

Moies geet et Samsches a Sonndes jeweils schon um 9 Auer lass mat opriichten. Sonndes géint 19 Auer get d’Buerg dann gebrannt.

Fotoen vum Buergsonnden

Elo sin dann och schon d’Fotoen vun haut, Buergsonnden, online.

D’Wieder war einfach genial, an d’Buerg huet och super gebrannt. Firwat kann dat net all Joer sou sin? Ajo, d’Buerg war iwregens 15 Meter héich (ouni Kreschtbeemchen uewen drop).

Déi éischt Fotoen vum Buergbrennen

Déi éischt Fotoen vum Opriichten vun der Buerg sin schon online.

Muer geet et weider. Mam Slalom fueren iwert d’Feld haale mer awer léiwer mol op :)

Eis Buergplaatz

Fir déi, déi nach net op eiser Buergplaatz waren, as hei eng détailléiert Kaart wou se genau as.


Größere Kartenansicht

Am beschten fiert een d’Rue Belle-Vue erop, ganz uewen dann no riets, an parkt dann einfach laanscht d’Strooss oder um Feld. De Wee bis dohin as och ausgescheldert.

Elo zielt op d’manst d’Excuse “Ech hun et net fonnt” net méi ;)