Demnächst

Gamelle 2011

Déi neisten Ausgab vun der Gamelle ass elo och online verfügbar! Der Chefredakterin dem Mireille e grousse Merci!

Ennert Publikatiounen könnt dir se eroflueden, genau sou wéi déi Ausgaben aus deene Joeren virdrun.

Gruppefoto 2011

Et ass emol erem Zäit gin fir eng aktuell Gruppefoto ze maachen. Dese Weekend war eng perfekt Geleënheet  dofir, vu datt mer de Samschden Montéesdag haten.

Original Foto eroflueden

Original Foto eroflueden

Original Foto eroflueden

Biber a Wellefcherscamp 2011

Den Biber an den Wellefcherscamp war dest Joer zu Clierf vum 6-10 September mam Thema Plätschnass. Et waren matt 7 Biber an 11 Wellefcher. Mir hun villes erleiwt wéi z.b. den Waaserkreeslaaf nogebastelt, eng Waasserolympiad, en Daag bei der Baach verbruecht, eng Libell gebastelt.

Eröffnungsvéillée

Fotoen vum Biber a Wellefcherscamp 2011

1.800 Euro fir d’Kanner vun den Tsunami-Opfer a Japan

Haut hu mir een Scheck vun 1.800 Euro, déi mir bei eiser traditioneller Ouschteréeraktioun gesammelt hun, un CARE Lëtzebuerg iwereecht.

Konkret gin d’Suen bei engem Projet vun CARE a Japan agesat, wou Kanner a Jugendlecher noom Erdbiewen an dem Tsunami psychologesch betreit gin.

Merci nach eng Kéier un all déi Leit déi Ouschteréer bei eis kaaf hun oder einfach sou gespend hun!

Generations Internetsite op neier Adress

Ab Enn November geet den www.generations.lu Internetsite net méi. Dofir ass den Archiv vum Generations Camp 2010 ab sofort ennert folgender Adress ereechbar:

generations.lgslorentzweiler.lu

Journée Carapio

Dest Joer ware mer erem op der Journée Carapio dobei. Leider wesse mer nach net déi wéivillt mer gi sin. D’Fotoen gin et awer schon an der Galerie.

D’Pearl of Brownsea läit op Grond

Mir hun et dach tatsächlech färdeg bruecht d’Arbecht vun iwer 2 Méint an quasi 2 Deeg ewech ze rappen. Vum Piratescheff leien elo nemmen nach e puer Kuelen beim Altersheim.

Virdrunn :

Scheff

Dono :

Scheff

D’Gruppechef Ekipp seet nach eng Kéier all deene Merci déi gehollef hun, datt mir dess onerfreelech Aufgab sou séier konnte ausféieren.

Scheff ofrappen

Mir mussen leider dringend eist Scheff zu Boufer beim Altersheim ofrappen. Mir brauchen dofir all Hellef. Lass geet et ab muer 23.12. 14:00 Auer, an dann geet et de 24.12. ab 14 Auer, an de Weekend vum 27./28.12. (ab 9:00 Auer) weider.

Scheff

Mellt iech dofir w.e.g. bei mir op der Nummer 691 309737 oder per Email op sven{at}seven{punkt}lu

Merci am Viraus fir all Hellef!

Lëscht vun de Chaleten zu Lëtzebuerg

Ennert Youthnet.lu fënnt een eng Lëscht mat sämtlechen Chaleten hei zu Lëtzebuerg. Nierwt Kontakt Informatiounen an Unzuel vun de Better, gin et do och Fotoen vun de Chaleten an déi genau Lag op der Kaart.

… fir déi, déi de Site nach net sollten kannt hun. Fir all Scout op alle Fall een Bookmark wert!

Gamelle 2008 Avant-Première

Déi nei Gamelle kann een ab sofort an Avant-Première liesen! Ennert Publikatiounen fannt dir de Link fir se erof ze lueden. Muer gett et dann d’Pabeierversioun.

Vill Spass beim liesen!