Aktivitéiten

Mir annoncéieren all eis zukünfteg Aktivitéiten op eiser Facebook Säit. Gidd Member vun eiser Facebook Grupp, a bleiwt emmer um Laafenden!

Facebook Status

OAuthException: Error validating access token: Session has expired on Sunday, 09-Jul-17 13:28:16 PDT. The current time is Friday, 18-Aug-17 18:35:11 PDT.

Buergbrennen 2014

D’Souten vu Luerenzweiler (FNEL an LGS) invitéieren iech härzlech op d’Buergbrennen Sonndes de 9. März zu Luerenzweiler op der Schanz.

Buergbrennen 2014

De ganzen Nomëtteg iwer kennt Dir eis op der Schanz besichen, an eis bei der Aarbecht nokucken.

Vun 15:00 Auer un ass fir Iessen a Gedrenks gesuergt.

NEI! Um 18:00 Auer maache mir eng Stee vun VIP-Plaazen (Liegestull an der 1. Rei mat Service).

Den Heichpunkt vum Owend ass um 19.00 Auer, wann d’Buerg gebrannt get.

Chrëschtmaart 2013

D’Guiden a Scouten St. Laurent invitéieren iech häerzlech op hiren traditionellen Chrëschtmaart um 3. Advent de 15. Dezember 2013 am Centre Culturel zu Hielem/Luerenzweiler.

  • vun 11:00 un Aperitif
  • vun 12:00 un servéieren mir iech 2 verschidden Menüer oder eppes vum Grill (dir braucht iech fir d’Iessen NET unzemellen)
  • vun 13:30 un Grog a Glühwäin

Ausserdem Verkaaf vun Chreschtarrangementer, Bastelaarbechten, Tombola a Spezialtombola.

Chrëschtmaart 2013

Eisen Event op Facebook.

Gamelle 2013

D’Gamelle 2013 ass ab sofort als PDF Download op eisem Site verfügbar. Do fannt dir erem all Kontakter vun eise Cheffen, Berichter vun de Campen an Weekender, a Fotoen vun eisen Aktivitéiten.

Gamelle 2013

Dem Mireille en décke Merci fir seng wonnerbar Arbecht :)

Montéesweekend 2013

An der Gallerie fannt der e puer Fotoen vum Montéesweekend zu Huelmes. D’Veillée stung des Kéier ennert dem Thema „Märercher“.

Montéesweekend 2013

Ouschtereër fir e gudden Zweck

Och dëst Joer verkafen mir um Ouschtersamschdeg erëm Ouschtereeër fir e gudden Zweck.

Ouschtereer 2013

Dëst Joer ass den Erléis fir d’Entwécklungsprojeten „Odyssee 2013“ vun der ONGD „Guiden a Scouten fir ENG Welt“.

Eis Eeër kommen iwwregens dëst Joer vu fräilafenden Hénger vun der Ferme Mathay vun Mechela.

D’Buergbrennen 2013 am Zäitraffer

An hei ass dann och endlech den Zäitraffervideo vun eisem Buergbrennen!

An hei könnt der nach eng Kéier de Video vum läschte Joer kucken.

Fotoen vum Buergbrennen 2013

Dem Charel seng Fotoen vum Buergbrennen sinn online!

Buergbrennen 2013

Den Zäitraffervideo ass och geschwënn fäerdeg :)

Buergbrennen 2013

D’Souten vu Luerenzweiler (FNEL an LGS) invitéieren iech härzlech op d’Buergbrennen Sonndes de 17. Februar zu Luerenzweiler op der Schanz.

Buergbrennen 2013

De ganzen Nomëtteg iwer kennt Dir eis op der Schanz besichen, an eis bei der Aarbecht nokucken.

Vun 15.00 Auer un ass fir Iessen a Gedrenks gesuergt.

Den Heichpunkt vum Owend ass um 19.00 Auer, wann d’Buerg gebrannt get.

Eisen Event op Facebook

Chrëschtmaart 2012

D’Guiden a Scouten St. Laurent invitéieren iech häerzlech op hiren traditionellen Chrëschtmaart um 3. Advent de 16. Dezember 2012 am Centre Culturel zu Hielem/Luerenzweiler.

  • vun 11:00 un Aperitif
  • vun 12:00 un servéieren mir iech 2 verschidden Menüer oder eppes vum Grill (dir braucht iech fir d’Iessen NET unzemellen)
  • vun 13:30 un Grog a Glühwäin

Ausserdem Verkaaf vun Chreschtarrangementer, Bastelaarbechten, Tombola a Spezialtombola.

Eisen Event elo och um Facebook.

Fotoen vum Gruppeweekend

Dese Weekend ware mir mam ganze Grupp zu Mamer bei Wiselen am Chalet.

D’Fotoen gin et wéi emmer an eiser Galerie.