Demnächst

Fotoen

Biber a Wellefcherscamp 2011

Den Biber an den Wellefcherscamp war dest Joer zu Clierf vum 6-10 September mam Thema Plätschnass. Et waren matt 7 Biber an 11 Wellefcher.

22 Fotos

RaRo Camp 2011

Mir waren dëst Joer an Norwegen. Fir genau ze sinn, zu Kvamskogen.

57 Fotos

Pélé des jeunes 2011

Dest Joer sin mir erem vun Luerenzweiler aus ass zu Fouss duerch de Besch an d'Stadt gepilgert.

15 Fotos

Chef Weekend 2011

De 16. an 17. Abrell waren mir mat eiser Chefekipp um Misärshaff.

44 Fotos

Buergbrennen 2011

Wéi all Joers riichten mir mat der FNEL d'Buerg ob der Schanz op.

20 Fotos

Krëschtmaart 2010

D’Guiden a Scouten St. Laurent hun um 3. Advent op hiren traditionellen Krëschtmaart am Centre Culturel zu Hielem/Luerenzweiler invitéiert.

23 Fotos

Pélé des jeunes 2010

Dest Joer sin mir déi éischte Kéier vun Luerenzweiler aus ass zu Fouss duerch de Besch an d'Stadt gepilgert.

21 Fotos

JoCaPi 2010

Mir hun zwar just déi 17 Platz vun 20 gemaach, mee trotzdem hate mer Spass op der Journée Carapio zu Sandweiler :)

40 Fotos

Buergbrennen 2010

Buergbrennen 2010 zesummen mat der FNEL op der Schanz.

21 Fotos

Biber a Wellefchersweekend zu Huelmes

Biber an Wellefcher haaten den 6 an 7 Februar hiren éischten Weekend. Mir waren zu Huelmes am Schlass an mir hun Alice im Wunderland nogespillt.

14 Fotos

Carapio Weekend - Januar 2010

Mir waren zu Kalborn am héichen Norden, wou mer keng Boxemännercher gebak hun, Schlag den Chef gespillt, e Spuerespill am Schnéi gemaach, an dann nach Bowling an der Fuussekaul gespill hun.

36 Fotos

Biber a Wellefcherscamp 2009

Biber waren zesummen matt de Wellefcher zu Schetter um Camp vum 31 August bis den 4 September 2009

23 Fotos

Carapio Camp 2009

D'Carapio waren dest Joer zu Buhlenberg um Bundeslager vum BdP, an hate vill Spass mat hierem Partnergrupp dem Stamm Artus vun Schwabach :)

136 Fotos

Pélé des jeunes 2009

Vu Boufer aus ass et zu Fouss duerch de Besch an d'Stadt gaang.

28 Fotos

1. Mee 2009

Och dest Joer hu mir eisen Meekranz zu Blaaschend am Besch gemaach. D'Carapio an d'Avex hun dobei an der Nuecht op den 1. Mee am Besch geschloof.

43 Fotos

Journée Carapio 2009

Nodeems mer 2008 leider net bei der JoCaPi konnte matmaachen, ware mer dest Joer erem zu Bartreng mat dobäi.

37 Fotos

Buergbrennen 2009

Buergbrennen, de Weekend vum 28.2. / 1.3., zu Luerenzweiler op der Schanz.

84 Fotos

Wellefchersweekend - Februar 2009

Den 14 a 15 Februar 2009 hun Wellefcher e Weekend zu Ierpeldeng bei Dikkrech gemaach zum Thema Schkola:)

19 Fotos

Carapio Weekend - Januar 2009

Den 10. an 11. Januar ware mer mat de Carapio Um Grujel-Weekend zu Longsdorf.

42 Fotos

RaRo-Montée 2008

Mir haaten den 17/18 Oktober eisen Montéeweekend zu Kalber.

9 Fotos

Montéesweekend 2008

Dest Joer ware mer zu Esebuer mat eisem Gruppp.

38 Fotos

Avex Camp 2008

Avex Camp am Schwarzwald

86 Fotos

Biber a Wellef Camp 2008

Sait dem 31. August hun 6 Wellef matt hiren 11 Cheffen den Chalet zu Iechternach besaat. Den 1. September sin dann 8 Biber nogereest komm. Eis Weltrees huet bis den 4. September gedauert.

27 Fotos

Raro Camp 2008

Kroatien

119 Fotos

Carapio Camp 2008

Carapio Camp 2008 an Schottland.

123 Fotos

Marche Gourmande 2008

Kulinaresch Wanderung den 29. Juni an de Luerenzweiler Bëscher.

28 Fotos

Wellefchersrally - Juni 2008

Den 15 Juni waren mir matt 7 Wellefcher op Beggen op de Rally wou et eise Wellefcher gudd gefall huet an sie sech gudd amuseiert hun. Mir sin awer net eischten an net leschten gin. Hei sin puer Fotoen vun de super motiveierten Wellefcher =)

26 Fotos

Rock the Pakalu - Mee 2008

D'Raro waren um Rock the Pakalu zu Mamer am Bësch 'op der Drëps'.

10 Fotos

Biber a Wellef Weekend - Mee 2008

Hei puer Fotoen vum Biber a Wellef Weekend deen den 3. a 4. Mee 2008 zu Beggen am Chalet war

21 Fotos

1. Mee 2008

Den 1. Mee hu mer traditionnell eise Meekranz bei Neolithikum zu Blaaschend gebonnen. D'Carapio waren schon den Owend virdrun sur Place, an hun do geschloof.

18 Fotos

Schubkarrennen zu Luerenzweiler - Abrell 2008

Mir hun den 26. Abrell beim Schubkarrennen, ulässlech dem Télévie, déi 11. Plaatz gemaach ... vun 11 :) Dofir hu mer awer de Schéinheetspräiss gewonn.

28 Fotos

Botzaktioun - Abrell 2008

Hei sin puer Fotoen wou mir den 19 Abrell zu Lorentzweiler un der Beschbotzaktioun matt de Wellef an Biber dobai waren an dono op Miersch Ausstellung iwer Kannerrechter kuken waren

12 Fotos

Chef Weekend - Febuar 2008

E puer Fotoen vun eisem Chef Weekend den 23. a 24. Febuar 2008, zu Weimerskierch an der Géisserei.

51 Fotos

Buergbrennen 2008

Buergbrennen zu Luerenzweiler op der Schanz, zesummen mat der FNEL.

51 Fotos

Carapio Weekend - Januar 2008

Den 12. an 13. Januar ware mer mat de Carapio zu Kalber, wou mer enner aanerem bei schéinstem Wieder eng Partie Crossgolf gemaach hun.

31 Fotos

Krëschtmaart 2007

Eise Krëschtmaart war, wéi all Joers, Sonndes den 3. Advent, a war erem een vollen Erfolleg.

16 Fotos

Raro Camp 2007

Raro Camp zu Kandersteg.

32 Fotos

Montées Weekend 2007

E puer Fotoen vun eisem läschte Montées Weekend.

24 Fotos