Aktivitéiten

Mir annoncéieren all eis zukünfteg Aktivitéiten op eiser Facebook Säit. Gidd Member vun eiser Facebook Grupp, a bleiwt emmer um Laafenden!

RaRo Camp 2011 an Norwegen

Mir waren dëst Joer an Norwegen. Fir genau ze sinn, zu Kvamskogen. Dat ass e Skigebiet an Norwegen.
Wat hun mir erliewt?
Schein Treppeltouren, Rafting, e Kachduell, super Fjorden, vill Schoof, en klengen Hike mat schloofen an der Natur, Engagement, vill Dommheeten an vill gelaacht
Kuck hei e klengen Choix vun de villen Fotoen.

Raro-Aktiounen fir Island

D’Raro wëllen 2009 och mat an Island ob den Roverway.

Sou spruddelen si mat lauter Ideen, an hei sin schon mol puer Aktiounen, déi een sech soll mierken :)

Sou maan mir eng Oldies-Wii-Party am Altersheem. Do steet nach keen Datum fest.
Den 17.  Januar invitéieren mir Iech ob eisen Raclette Owend am Foyer.
Mir gin bei den Cactus ob Bäreldeng grillen (wann mir en gemeinsamen Datum fannen)
Den 22. Februar fënnd een eis ob der Cavalcade zu Dikrech. Bei eis muss Dir är Tickets kaafen!
Dat nämlegt och den 22. März zu Wasserbellëg.
Am Abrëll/Mai starten mir puer Haus-zu-Haus Auto Wäschaktiounen.
Sonndes, 21. Juni fënnd schon eis traditionnell Marche Gourmande statt.

Wann déi genau Datumer feststin, schreiwen mir dat natiirlech direkt heihinner!

Mir freeën eis, ierch ob där enger oder anerer Aktioun ze gesin.

RaRo-Montée 2008

Mir haaten den 17/18 Oktober eisen Montéeweekend zu Kalber.

Fotoen vum Raro-Camp

Fotoen sin online.

Rock the Pakalu

D’Raro waren de Freiden um Rock the Pakalu zu Mamer am Bësch ‚op der Drëps‘.