Demnächst

Buergbrennen 2012

D’Souten vu Luerenzweiler (FNEL an LGS) invitéieren iech härzlech op d’Buergbrennen zu Luerenzweiler.

De ganzen Nomëtteg iwer kennt Dir eis op der Schanz besichen, an eis bei der Aarbecht nokucken.

Vun 15.00 Auer un ass fir Iessen a Gedrenks gesuergt.  Den Heichpunkt vum Owend ass um 19.00 Auer, wann d’Buerg gebrannt get.

Facebook Event: http://www.facebook.com/events/372924732722760/

Chrëschtmaart 2011

D’Guiden a Scouten St. Laurent invitéieren iech häerzlech op hiren traditionellen Chrëschtmaart um 3. Advent den 11. Dezember 2011 am Centre Culturel zu Hielem/Luerenzweiler.

  • vun 11:00 un Aperitif
  • vun 12:00 un servéieren mir iech 2 verschidden Menüer oder eppes vum Grill (dir braucht iech fir d’Iessen NET unzemellen)
  • vun 13:30 un Grog a Glühwäin

Ausserdem Verkaaf vun Chreschtarrangementer, Bastelaarbechten, Tombola a Spezialtombola.

Eisen Event elo och um Facebook.

Nächst Aktivitéiten

Hei e klengen Iwwerbléck iwwert eis nächst Aktivitéiten :

Mëttwochs den 21.9. – Kongress
Verbandskongress zu Bartreng am Centre Atert

Samschdes de 24.9. – Kleedersammlung
RDV ass um 9:30 Auer op der Gare zu Luerenzweiler

Samschdes de 24.9. – Abschied Pit
Um 19:00 Auer gett zu Lentgen an der Kierch (duerno an der Schoul bei engem Patt) eisem Aumônier, dem Pit, säin Abschied gefeiert.

Sonndes de 25.9. – Chefdag
Chefdag zu Bartreng. RDV fir eis Cheffen ass um 8:45 Auer beim Foyer.

Samschdes den 1.10. – Montée
RDV fir eisen Montéesdag ass um 14:00 Auer beim Foyer. Schluss ass um 22:00 Auer och erem beim Foyer.

Samschdes den 19.11. – Elterenowend
Den Elterenowend ass erëm am Centre Culturel a geet um 19:30 Auer un.

Sonndes den 11.12. – Krëschtmaart
Eisen traditionellen Krëschtmaart ass wéi ëmmer den 3. Advent am Centre Culturel.

Biber a Wellefcherscamp 2011

Den Biber an den Wellefcherscamp war dest Joer zu Clierf vum 6-10 September mam Thema Plätschnass. Et waren matt 7 Biber an 11 Wellefcher. Mir hun villes erleiwt wéi z.b. den Waaserkreeslaaf nogebastelt, eng Waasserolympiad, en Daag bei der Baach verbruecht, eng Libell gebastelt.

Eröffnungsvéillée

Fotoen vum Biber a Wellefcherscamp 2011

Foto vum Pélé des jeunes 2011

D’Fotoen vum Pélé des jeunes 2011 sin online.

Dest Joer sin mir erem vun Luerenzweiler aus ass zu Fouss duerch de Besch an d’Stadt gepilgert.

Wellefchersweekend zu Wëlwerwolz

Den 19 an 20 März 2011 hun Wellefcher en Weekend zu Wëlweroltz gemaach zum Thema Schwaiz.  Ener anerem hun Wellefcher owes Raclette matt schwaizer Kéis giess  e Quiz iwer Schwait an eng Auer vun Swatch gebastelt. Hei sin elo puer Fotoen vun eisem Weekend.

Owesiessen: Raclette :)

Buergbrennen 2011

D’Fotoen sinn endleg online!

D’Souten vu Luerenzweiler (FNEL an LGS) invitéieren iech härzlech op d’Buergbrennen zu Luerenzweiler.

De ganzen Nomëtteg iwer kennt Dir eis op der Schanz besichen, an eis bei der Aarbecht nokucken.

Vun 15.00 Auer un ass fir Iessen a Gedrenks gesuergt.

Den Heichpunkt vum Owend ass um 19.00 Auer, wann d’Buerg gebrannt get.

Fotoen vum Krëschtmaart 2010

An der Fotogalerie fannt der  e puer Fotoen vun eisem traditionellem Krëschtmaart deen läschte Sonnden am Centre Culturel zu Hielem statt fonnt huet.

Merci nach eng Kéier all deenen déi gehollef hunn!

Krëschtmaart 2010

D’Guiden a Scouten St. Laurent invitéieren iech häerzlech op hiren traditionellen Krëschtmaart um 3. Advent den 12. Dezember 2010 am Centre Culturel zu Hielem/Luerenzweiler.

Chrëschtmaart

vun 11:00 un Aperitif
vun 12:00 un servéieren mir iech 2 verschidden Menüer oder eppes vum Grill (dir braucht iech fir d’Iessen NET unzemellen)
vun 13:30 un Grog a Glühwäin

Ausserdem Verkaaf vun Chreschtarrangementer, Bastelaarbechten, Tombola a Spezialtombola.

Generations Camp 2010

Am Moment ass eisen Generations Camp zu Luerenzweiler laanscht d’Velospiste voll amgaang. Wann dir wessen wellt wat mir de ganzen Dag sou maachen, da kommt eis roueg op d’Plaz besichen, oder kuckt iech d’Fotoen op eisem Site www.generations.lu generations.lgslorentzweiler.lu un!

Vergiesst och net nächste Sonnden, de 15. August op eis Porte-ouverte a Kirmes um Camp ze kommen!