Aktivitéiten

Mir annoncéieren all eis zukünfteg Aktivitéiten op eiser Facebook Säit. Gidd Member vun eiser Facebook Grupp, a bleiwt emmer um Laafenden!

Ouschtereër fir e gudden Zweck

Och dëst Joer verkafen mir um Ouschtersamschdeg erëm Ouschtereeër fir e gudden Zweck.

Ouschtereer 2013

Dëst Joer ass den Erléis fir d’Entwécklungsprojeten „Odyssee 2013“ vun der ONGD „Guiden a Scouten fir ENG Welt“.

Eis Eeër kommen iwwregens dëst Joer vu fräilafenden Hénger vun der Ferme Mathay vun Mechela.

Ouschterëer fir een gudden Zweck

Ewéi all Joer verkafe mir, an enker Zesummenaarbecht mam Ouschterhues, Ouschterëer fir een gudden Zweck.

Mir hunn dest Joer 4 Stänn wou mir Ouschterëer verkaafen:

  • Luerenzweiler Busarrêt Gare
  • Boufer Busarrêt Altersheim
  • Blaaschent Busarrêt Kräizung
  • Hënsdref Busarrêt Kiirch

Mir kommen net méi un är Dier schellen!

Bestellung
Wann Dir awer wëllt op Nummer sécher goen, da kennt Dir och per Telefon bestellen. Mir hoppelen dann Samschdes bei Iech laanscht, a bréngen är Bestellung heem. Bestellungen bis Karfreideg (18 Auer) um Telefon 621 784250 (Bidoli Renée) oder 691 309737 (Linckels Sven) oder via Email sven@seven.lu

Präiss
1 Dosen – 5 Euro
1/2 Dosen – 3 Euro

Den Erléis vun eiser Aktioun ass dëst Joer fir den Scouts Grupp vun der Rivière Froide an Haiti.

Ouschteréeraktioun

3. April 2010
09:00bis12:00

Ouschtersamsden ab 9.00 Auer verkaafe mir erem Ouschteréer fir en gudden Zweck (Action Avenir Haiti).
Eise Stand fannd dir op der Gare zu Luerenzweiler.

Ouschteréeraktioun 2009

Och dest Joer verkaafe mir erem Ouschteréer fir e gudden Zweck. De Samschden de Moien gi mir an der Gemeng vun Haus zu Haus schellen. Dir könnt awer och vun 9:00 bis 12:00 Auer Ouschteréer op eisem Stand op der Gare zu Luerenzweiler kaafen.

Ouschteree

Den Erléis ass dest Joer fir Action Avenir Haiti.