Aktivitéiten

Mir annoncéieren all eis zukünfteg Aktivitéiten op eiser Facebook Säit. Gidd Member vun eiser Facebook Grupp, a bleiwt emmer um Laafenden!

Ouschterëer fir een gudden Zweck

Ewéi all Joer verkafe mir, an enker Zesummenaarbecht mam Ouschterhues, Ouschterëer fir een gudden Zweck.

Mir hunn dest Joer 4 Stänn wou mir Ouschterëer verkaafen:

  • Luerenzweiler Busarrêt Gare
  • Boufer Busarrêt Altersheim
  • Blaaschent Busarrêt Kräizung
  • Hënsdref Busarrêt Kiirch

Mir kommen net méi un är Dier schellen!

Bestellung
Wann Dir awer wëllt op Nummer sécher goen, da kennt Dir och per Telefon bestellen. Mir hoppelen dann Samschdes bei Iech laanscht, a bréngen är Bestellung heem. Bestellungen bis Karfreideg (18 Auer) um Telefon 621 784250 (Bidoli Renée) oder 691 309737 (Linckels Sven) oder via Email sven@seven.lu

Präiss
1 Dosen – 5 Euro
1/2 Dosen – 3 Euro

Den Erléis vun eiser Aktioun ass dëst Joer fir den Scouts Grupp vun der Rivière Froide an Haiti.

Kommentär schreiwen