Aktivitéiten

Mir annoncéieren all eis zukünfteg Aktivitéiten op eiser Facebook Säit. Gidd Member vun eiser Facebook Grupp, a bleiwt emmer um Laafenden!

D’Gamelle 2008 geet an den Drock

Eis alljährlecht Bliedchen, mat Berichter iwert d’Aktivitéiten vum vergaangenen Guide/Scouts Joer, ass de Metten bei d’RapidPress an den Drock gaangen. An der Gamelle fannt dir awer och wichteg Kontakt Informatiounen vun de Cheffen vun alle Branchen. Dofir ass et sënnvoll des Zeitung net direkt wech ze geheien!
Dese Samschden um Elterenowend kritt jidereen deen do ass eng Gamelle ausgedeelt (gratis). Déi, déi iwreg bleiwen kommen dono an eisen Home, fir déi Leit déi de Samschden net können do sin.

Wéi all Joer ass de Redaktiounsschluss fir d’Berichter (1. Oktober) natirlech erem grandios ignoréiert gin. Rekordverdächteg war dest Joer d’Carole (Gruppechef) mat sengem Virwuert fir an d’Gamelle, dat op de leschte Steppel gëschter Owend um 16:32 era gereecht gin ass.

Den traditionellen „Beschass“ dierf natirlech och net fehlen, an ass och net schlecht gefëllt :)

Ech wënschen schon am Viraus vill Spass beim Liesen!

4 Kommentären zu “D’Gamelle 2008 geet an den Drock”

  1. Aha! op de Beschass sinn ech jo dann emol gespaant! :-) Wee weess wat alles dra steet…

  2. stells de dann vun der Gamelle och eng Versioun online? Dann kann ech och vun Austraöien aus liesen ;-)

  3. Jo, d’PDF Versioun könnt och online. Déi aal Gamellen lueden ech dann och emol erop. Muss do just nach e puer technesch Ännerungen um Site maachen.

  4. Sou, ennert Publikatiounen kanns de déi aal Gamellen vun 2007 bis 1999 eroflueden. Eventuell könnt virum Samschden schon 2008er Versioun online, souzesoen als Avant-Première :)

Kommentär schreiwen