Aktivitéiten

Mir annoncéieren all eis zukünfteg Aktivitéiten op eiser Facebook Säit. Gidd Member vun eiser Facebook Grupp, a bleiwt emmer um Laafenden!

Chrëschtmaart

Traditionellen Chrëschtmaart um 3. Advent am Centre Culturel zu Hielem.

Elterenowend

Den Elterenowend steet dest Joer ennert dem Thema „Mariage Princier“. Tenue correcte exigée :)

Montéesweekend

Eisen traditionnelen Montéesweekend ass dest Joer um Misärshaff.

Chefdag 2012

Dat neit Guiden a Scouts Joer fänkt traditionnel fir eis Cheffen mam Chefdag un. Deen ass dest Joer zu Schëffleng.

Te Deum

Mir huelen um Virowend vun Nationalfeierdaach um Te Deum deel. Freides, den 22. Juni 2012 treffe mir eis dofir um 18.00 Auer beim Pompjeesbau zu Luerenzweiler.

Gruppeweekend

Vu datt mir dest Guiden- a Scoutsjoer keen Montéesweekend haten, machen mir den 30.6./1.7. e Gruppeweekend zu Mamer am Chalet.

Meekranz

Wéi all Joer maache mir den 1. Mee e Meekranz am Bësch beim Neolithikum zu Blaaschent.

Gruppechef Fréijoersrenconter

All Gruppechef, Gruppechef adjoint(e) a Gruppechef an der Formatioun sinn häerzlech op d’Fréijorsrenconter zu Luerenzweiler am Festsall (Kräizung Rue de Blaschette / Route de Luxembourg) invitéiert.

Ouschtereeraktioun

Ouschtersamsden ab 9.00 Auer verkaafe mir erem Ouschteréer fir en gudden Zweck.
Eise Stand fannd dir op der Gare zu Luerenzweiler.

Buergbrennen

D’Souten vu Luerenzweiler (FNEL an LGS) invitéieren iech härzlech op d’Buergbrennen zu Luerenzweiler.

De ganzen Nomëtteg iwer kennt Dir eis op der Schanz besichen, an eis bei der Aarbecht nokucken.

Vun 15.00 Auer un ass fir Iessen a Gedrenks gesuergt.

Den Heichpunkt vum Owend ass um 19.00 Auer, wann d’Buerg gebrannt get.

Facebook Event: http://www.facebook.com/events/372924732722760/