Aktivitéiten

Mir annoncéieren all eis zukünfteg Aktivitéiten op eiser Facebook Säit. Gidd Member vun eiser Facebook Grupp, a bleiwt emmer um Laafenden!

Scheff ofrappen

Mir mussen leider dringend eist Scheff zu Boufer beim Altersheim ofrappen. Mir brauchen dofir all Hellef. Lass geet et ab muer 23.12. 14:00 Auer, an dann geet et de 24.12. ab 14 Auer, an de Weekend vum 27./28.12. (ab 9:00 Auer) weider.

Scheff

Mellt iech dofir w.e.g. bei mir op der Nummer 691 309737 oder per Email op sven{at}seven{punkt}lu

Merci am Viraus fir all Hellef!

Lëscht vun de Chaleten zu Lëtzebuerg

Ennert Youthnet.lu fënnt een eng Lëscht mat sämtlechen Chaleten hei zu Lëtzebuerg. Nierwt Kontakt Informatiounen an Unzuel vun de Better, gin et do och Fotoen vun de Chaleten an déi genau Lag op der Kaart.

… fir déi, déi de Site nach net sollten kannt hun. Fir all Scout op alle Fall een Bookmark wert!

Gamelle 2008 Avant-Première

Déi nei Gamelle kann een ab sofort an Avant-Première liesen! Ennert Publikatiounen fannt dir de Link fir se erof ze lueden. Muer gett et dann d’Pabeierversioun.

Vill Spass beim liesen!

Mir kennen eis akleeden!

Eis super-truper T-shirts sin do!

D’Gamelle 2008 geet an den Drock

Eis alljährlecht Bliedchen, mat Berichter iwert d’Aktivitéiten vum vergaangenen Guide/Scouts Joer, ass de Metten bei d’RapidPress an den Drock gaangen. An der Gamelle fannt dir awer och wichteg Kontakt Informatiounen vun de Cheffen vun alle Branchen. Dofir ass et sënnvoll des Zeitung net direkt wech ze geheien!
Dese Samschden um Elterenowend kritt jidereen deen do ass eng Gamelle ausgedeelt (gratis). Déi, déi iwreg bleiwen kommen dono an eisen Home, fir déi Leit déi de Samschden net können do sin.

Wéi all Joer ass de Redaktiounsschluss fir d’Berichter (1. Oktober) natirlech erem grandios ignoréiert gin. Rekordverdächteg war dest Joer d’Carole (Gruppechef) mat sengem Virwuert fir an d’Gamelle, dat op de leschte Steppel gëschter Owend um 16:32 era gereecht gin ass.

Den traditionellen „Beschass“ dierf natirlech och net fehlen, an ass och net schlecht gefëllt :)

Ech wënschen schon am Viraus vill Spass beim Liesen!

Foto DVD 2008

Fir den Elterenowend (25. Oktober) könnt dest Joer endlech erem eng Foto DVD eraus. Mir hun extrem vill Fotoen a probéieren sou vill wéi méiglech op eng DVD drop ze kréien. D’Fotoen gin dofir op HD Opléisung (1920×1080) erof skaléiert. Wien spéiderhin eng méi héich opléisend Versioun well hun, kann déi per Email ufroen.

Eleng fir 2007 an 2008 hu mer schon knapp 6.000 Fotoen. Fir 2 Euro kann een eng DVD um Elterenowend kaafen. Oplag viraussichtlech 40 Stéck, also maacht iech bäi!

D’Luerenzweiler Guiden a Scouten kréien eng Amicale

Am lëschte Grupperot ass de Virschlag vun eisem Ex-Ex-Gruppechef Luss Weyrich, fir eng Amicale, ennert der Form vun enger a.s.b.l., ze grënnen, estemmeg ugeholl gin.

Des Amicale ass onofhängeg vum LGS Verband, wat gewessen Virdeeler mat sech bréngt (sou kéinte mer z.B. eis Camionette op de Numm vun der a.s.b.l. umellen). An éischter Linn soll d’Amicale awer de lokale Grupp logistesch, finanziell, an moralesch ënnerstëtzen andems hir Memberen z.B. op gréisseren Aktivitéiten (Kreschtmaart, Campenger, …) eng Hand mat upaken. Doriwer hinaus plangt d’Amicale awer och eegen Aktivitéiten, wéi z.B. Sortien.

Jidereen deen interesséiert ass bei der Amicale vun de Luerenzweiler Guiden a Scouten matzewierken, ob elo fréiere Member, Frënn, oder Mamm/Papp vun engem vun eise Kanner, kann sech gären bei der Gruppechef Ekipp, oder direkt beim Luss mellen.

Fotoen vum Montéesweekend 2008

D‘Fotoen vum diesjähregen Montéesweekend sin online!

Paint it Beck

Fir déi, déi den Text vum Jemp sengem Abschiedslidd net sou richteg matkritt hun um Elterenowend vu geschter, hei d’Lyrics fir matzesangen:

  1. Hie war mol Gruppechef bei eis de Jean-Pierre Be-heck,
    Daat war sou cool mat Him wier déi Zait nemmen zre-heck.
    De Weyrich Luss deen huet daat ganzt un Hiehe veriewt,
    De Jemp war frou a war komplett derniewt.

  2. Eng Doze Joren mecht hien daat de Jean-Pierre Be-heck,
    Mee d´Lea war net frou hatt wollt de Jemp rem zre-heck.
    Hatt soot zu Him Du bleiws lo hei bei Mir
    Soss setzen ech Dech leider virun Diir.

  3. Gesoot gemach do mecht Hatt guer kee Geheck,
    Hien as lo fort Doheem deen arme Jean-Pierre Be-heck.
    Et geet him schlecht a mecht wéi wann naicht wier,
    Dobei steet et awer grouss op sénger Stier.

  4. Mee komm Mir kucken mol nach ee kléngt Sté-heck zreck
    Do war éng Party an déi housch och Ju-hump Ba-hack.
    De Jemp haat do dem Men éng Fra besuegt,
    An deen huet dat dun direkt he-heem bruecht.

  5. Nach vill méi spéit do war hien dunn de Jean-Pierre Be-heck,
    Mam Luss zesumn um twenty-Five ganz hin und we-heg.
    Sie hun de Camp mat vill Elan geleed,
    Waat war daat fir déi zwee éng rieseg Freed.

  6. No drei Versich gehéit en dunn de Jean-Pierre Be-heck,
    sai waisse Foullrd an dee berühmten E-heck.
    Hie soot zu eis et geet es mir lo duer,
    an as du prompt bei d´Lea zréck gefuer.

  7. Lo as rem alles gudd mat eisem Jean-Pierre Be-heck,
    Hien ass ganz frou doheem a freet sech wéi e Ge-heck
    Mai Gruppechef data war sou wonnerbar,
    Hier wier et gär nach léiwer haut wéi ma.

  8. Mee Ney erdings hu mir lo d´Carole Ne-hey,
    Hatt as och wierklech gudd an sénger Ra-hei.
    An dofir MERCI un se alleguer,
    Mat eise Cheffen si mer gudd gefuer …

D’Gamelle 2007 – Download

D’Gamelle 2007 steet elo zum Download bereed. Vill Spass beim Liesen!


Gamelle 2007