Aktivitéiten

Mir annoncéieren all eis zukünfteg Aktivitéiten op eiser Facebook Säit. Gidd Member vun eiser Facebook Grupp, a bleiwt emmer um Laafenden!

Krëschtmaart 2010

D’Guiden a Scouten St. Laurent invitéieren iech häerzlech op hiren traditionellen Krëschtmaart um 3. Advent den 12. Dezember 2010 am Centre Culturel zu Hielem/Luerenzweiler.

Chrëschtmaart

vun 11:00 un Aperitif
vun 12:00 un servéieren mir iech 2 verschidden Menüer oder eppes vum Grill (dir braucht iech fir d’Iessen NET unzemellen)
vun 13:30 un Grog a Glühwäin

Ausserdem Verkaaf vun Chreschtarrangementer, Bastelaarbechten, Tombola a Spezialtombola.

Generations Camp 2010

Am Moment ass eisen Generations Camp zu Luerenzweiler laanscht d’Velospiste voll amgaang. Wann dir wessen wellt wat mir de ganzen Dag sou maachen, da kommt eis roueg op d’Plaz besichen, oder kuckt iech d‘Fotoen op eisem Site www.generations.lu generations.lgslorentzweiler.lu un!

Vergiesst och net nächste Sonnden, de 15. August op eis Porte-ouverte a Kirmes um Camp ze kommen!

Foto vum Pélé des jeunes 2010

D’Fotoen vum Pélé des jeunes 2010 sin online.

Dest Joer sin mir déi éischte Kéier vun Luerenzweiler aus ass zu Fouss duerch de Besch an d’Stadt gepilgert.

Ouschteréeraktioun

Ouschtersamsden ab 9.00 Auer verkaafe mir erem Ouschteréer fir en gudden Zweck (Action Avenir Haiti).
Eise Stand fannd dir op der Gare zu Luerenzweiler.

Fotoen Buergbrennen

D‘Fotoen vum Buergbrennen 2010 sin elo och endlech online.

Vill Spass beim kucken!

Buergbrennen 2010

D’Luerenzweiler PNL an LGS invitéieren iech härzlech op d’Buergbrennen den 21. Februar zu Luerenzweiler. Dir könnt eis de ganze Weekend iwer op d’Schanz besiche ze kommen. Sonndes gett et och eppes ze drénken an eppes vum Grill.

Géint 19 Auer get d’Buerg dann Sonndes gebrannt.

Chrëschtmaart 2009

D’Guiden a Scouten St. Laurent invitéieren iech häerzlech op hiren traditionellen Chrëschtmaart den 13. Dezember 2009 am Centre Culturel zu Hielem/Luerenzweiler.

Chrëschtmaart

vun 11:00 un Aperitif
vun 12:00 un servéieren mir iech 2 verschidden Menüer oder eppes vum Grill (dir braucht iech fir d’Iessen NET unzemellen)
vun 13:30 un Grog a Glühwäin

Ausserdem Verkaaf vun Chreschtarrangementer, Bastelaarbechten, Tombola a Spezialtombola

Resultater a Fotoen vum Crossgolf Cup 2009

De Samschden war déi 2. Oplag vun eisem Crossgolf (Querfeldein-Golf) Tournoi zu Luerenzweiler. 37 Leit haten op eisem 7-Lach-Parcours nawell Spass.

Crossgolf

D‘Resultater an d‘Fotoen sin elo um Crossgolf-Cup.com Site online.

Fotoen vum Pélé des jeunes

D‘Fotoen vum Pélé des jeunes 2009 sin online. Vu Boufer aus ass et dest Joer zu Fouss duerch de Besch an d’Stadt gaang.

Fotoen vum 1. Mee

D‘Fotoen vum 1. Mee sin elo online. Zu Blaaschend am Besch hu mer erem eisen Meelranz gebonnen. D’Carapio an d’Avex hun an der Nuecht vum 30. Abrell op den 1. Mee am Besch geschloof.

Vill Spass beim Kucken!