Aktivitéiten

Mir annoncéieren all eis zukünfteg Aktivitéiten op eiser Facebook Säit. Gidd Member vun eiser Facebook Grupp, a bleiwt emmer um Laafenden!

Bilan Kreschtmaart 2007

Geschter hate mer eisen traditionellen Kreschtmaart zu Luerenzweiler am Centre Culturel, wou mer och dest Joer erem vill Leit haten. Ausserdem ware mer Mettes och mat engem Glühwäin- a Gedrénks-Stand op der Nordstrooss (A7) beim Tunnel op der Luerenzweiler Säit vertrueden, vu datt „Porte ouvert“ vum Gousseler Tunnel fir den Public war. Och hei war den Undrang relativ grouss, a virun allem de Glühwäin as séier fort gaang bei deenen äisegen Temperaturen (insgesamt ca. 35 Liter).

Mir soen nach eng Kéier alle Leit Merci déi sou gudd a vill beim Kreschtmaart gehollef hun, an invitéieren si den 11. Januar 2008 op d’Ofschlossfeier am Foyer St. Laurent zu Luerenzweiler, wou mer Fotoen vum Kreschtmaart kucken, a wou de finanzielle Bilan présentéiert get.

Fotoen kommen demnächst och hei op de Site.

Kommentär schreiwen