A gudd enger Woch as schons Buergbrennen ugesot. Mir maachen dat, wéi déi läscht Joeren och schons, zesummen mat de Panthères Noires (FNEL zu Luerenzweiler). D’Virbereedungen laafen schon op vollen Touren.
Natirlech können all d’Memberen a Frenn vun de Scouten, och de ganzen Weekend vum 9. an 10. Febuar bei eis erop op d’Schanz kucke kommen. Vun der Buergplaatz aus huet een eng genial Aussicht iwert den Uelzechtdall, Heeschdref, Stesel, bis bal an d’Staadt :)
Fir Iessen a Gedrénks as beschtens gesuergt.
Bleiwt just nach ze hoffen, datt mer mol erem eng Kéier gudd Wieder kréien (ideal wieren Minusgraden, bloen Himmel a Sonn), soss gett et erem, wéi déi lescht Joeren, eng fett Bullisschlacht :)
PS: Déi wonnderbar Foto as vun eisem Star-Fotograf Charel vun der Buerg vum läschte Joer.
Posted on Februar 1st, 2008 by Sven
Filed under: Buergbrennen | No Comments »