Aktivitéiten

Mir annoncéieren all eis zukünfteg Aktivitéiten op eiser Facebook Säit. Gidd Member vun eiser Facebook Grupp, a bleiwt emmer um Laafenden!

Raro-Aktiounen fir Island

D’Raro wëllen 2009 och mat an Island ob den Roverway.

Sou spruddelen si mat lauter Ideen, an hei sin schon mol puer Aktiounen, déi een sech soll mierken :)

Sou maan mir eng Oldies-Wii-Party am Altersheem. Do steet nach keen Datum fest.
Den 17.  Januar invitéieren mir Iech ob eisen Raclette Owend am Foyer.
Mir gin bei den Cactus ob Bäreldeng grillen (wann mir en gemeinsamen Datum fannen)
Den 22. Februar fënnd een eis ob der Cavalcade zu Dikrech. Bei eis muss Dir är Tickets kaafen!
Dat nämlegt och den 22. März zu Wasserbellëg.
Am Abrëll/Mai starten mir puer Haus-zu-Haus Auto Wäschaktiounen.
Sonndes, 21. Juni fënnd schon eis traditionnell Marche Gourmande statt.

Wann déi genau Datumer feststin, schreiwen mir dat natiirlech direkt heihinner!

Mir freeën eis, ierch ob där enger oder anerer Aktioun ze gesin.

2 Kommentären zu “Raro-Aktiounen fir Island”

  1. Respekt, dann hued dir jo genuch ze dinn.;-)

  2. All Respeckt daat kann jo nemmen riicht aus goen, bis speitstens um Roverway

Kommentär schreiwen