Aktivitéiten

Mir annoncéieren all eis zukünfteg Aktivitéiten op eiser Facebook Säit. Gidd Member vun eiser Facebook Grupp, a bleiwt emmer um Laafenden!

Luerenzweiler Guiden a Scouten

Iwert eisen Grupp

Wéi genee de Grupp viru bal 50 Joer an d’Liewe geruff ginn ass, kann haut kee méi mat Sécherheet soen … mee eent ass nach gewosst, d’Idee koum vun e puer Eltere vu Jugendlechen an zwee Studenten, den Nico Haas an de Claude Bichler waren séier begeeschtert vun där Saach an hunn ugefaangen alles an d’Weeër ze leeden. Si hunn den Här Charles Weiler als Aumônier engagéiert an de Jean Marman, een aktive Scout vum Lampertsbierg, gouf gefrot op e Gruppechef wéilt ginn.

D’Gebuertsstonn war also am Fréijoer 1970. De Numm vum Grupp war och séier fonnt: De Grupp ass nom hellege Laurentius, dem Patréiner vun der Por Luerenzweiler benannt ginn. De Grupp huet sech am Foyer St. Laurent néier gelooss. Ab 1971 sinn dunn och déi éischt offiziell Versammlunge gehale ginn an 1972 ass de Fändel geseent ginn, am Krees vu 25 Wëllefcher, 13 Scouten, de Chef, dem Aumônier, der Equipe fédérale an der Giedel Madame Noppeny an dem Pätter, dem Här Hames.

1995, fir dat 25-järegt Jubiläum, huet de Grupp St. Laurent ee grousse Camp organiséiert, den „Twenty-five“ a bei dëser Geleeënheet sinn d’Luerenzweiler Scoute mat de Luerenzweiler Guiden fusionéiert an hunn och de néie Fändel geseent. Parallel ass ee Buch erausbruecht ginn.

2010 war et dunn Zäit deen nächste Gebuertsdag ze feieren: um Generations Camp, en internationale Camp zu Luerenzweiler, hunn d’LGS St. Laurent hier 40 Joer gefeiert. Haut zielt de Grupp ongeféier 60 Memberen, vu Biber bis Mataarbechter.