Demnächst

  • Keine Termine.

Foto vum Pélé des jeunes 2010

D’Fotoen vum Pélé des jeunes 2010 sin online.

Dest Joer sin mir déi éischte Kéier vun Luerenzweiler aus ass zu Fouss duerch de Besch an d’Stadt gepilgert.

Fotoen vun der JoCaPi 2010

D’Fotoen vun der JoCaPi 2010 sin online. Mir hun zwar just déi 17 Platz vun 20 gemaach, mee trotzdem hate mer Spass op der Journée Carapio zu Sandweiler :)

Fotoen Buergbrennen

D’Fotoen vum Buergbrennen 2010 sin elo och endlech online.

Vill Spass beim kucken!

Buergbrennen 2010

D’Luerenzweiler PNL an LGS invitéieren iech härzlech op d’Buergbrennen den 21. Februar zu Luerenzweiler. Dir könnt eis de ganze Weekend iwer op d’Schanz besiche ze kommen. Sonndes gett et och eppes ze drénken an eppes vum Grill.

Géint 19 Auer get d’Buerg dann Sonndes gebrannt.

Carapio Weekend – Januar 2010

D’Fotoen vun eisem Carapio Weekend vum 9. an 10. Januar sin online!

OLYMPUS DIGITAL CAMERA

Mir waren zu Kalborn am héichen Norden, wou mer keng Boxemännercher gebak hun, Schlag den Chef gespillt, e Spuerespill am Schnéi gemaach, an dann nach Bowling an der Fuussekaul gespill hun.

Chrëschtmaart 2009

D’Guiden a Scouten St. Laurent invitéieren iech häerzlech op hiren traditionellen Chrëschtmaart den 13. Dezember 2009 am Centre Culturel zu Hielem/Luerenzweiler.

Chrëschtmaart

vun 11:00 un Aperitif
vun 12:00 un servéieren mir iech 2 verschidden Menüer oder eppes vum Grill (dir braucht iech fir d’Iessen NET unzemellen)
vun 13:30 un Grog a Glühwäin

Ausserdem Verkaaf vun Chreschtarrangementer, Bastelaarbechten, Tombola a Spezialtombola

Fotoen vum Carapio Camp 2009

D’Carapio sin haut vum BdP Bundeslager erem komm. Mir haten vill Spass mat eisem Partnergrupp, dem Stamm Artus vun Schwabach, zu Buhlenberg. D’Fotoen vun de läschten 10 Deeg sin dann och schon hei um Site online. Vill weider Fotoen vum Camp gin et och op Flickr.

BuLa Panorama

Von dieser Stelle nochmals herzlichen Dank an Achim, Alex, Annika, Ann-Katrin, Bert, Bisi, Chris, Chrissi, Devi, Fiona, Harry, Kerstin, Kim, Maike, Nisi, Sonja und Steffi für die Gastfreundlichkeit! Es war einfach nur toll mit euch! Wir würden uns wirklich sehr freuen euch (spätenstens) nächstes Jahr auf unserem Lager in Luxemburg begrüssen zu können :) Man liest sich ;)

Resultater a Fotoen vum Crossgolf Cup 2009

De Samschden war déi 2. Oplag vun eisem Crossgolf (Querfeldein-Golf) Tournoi zu Luerenzweiler. 37 Leit haten op eisem 7-Lach-Parcours nawell Spass.

Crossgolf

D’Resultater an d’Fotoen sin elo um Crossgolf-Cup.com Site online.

Fotoen vum Pélé des jeunes

D’Fotoen vum Pélé des jeunes 2009 sin online. Vu Boufer aus ass et dest Joer zu Fouss duerch de Besch an d’Stadt gaang.

OLYMPUS DIGITAL CAMERA

Fotoen vum 1. Mee

D’Fotoen vum 1. Mee sin elo online. Zu Blaaschend am Besch hu mer erem eisen Meelranz gebonnen. D’Carapio an d’Avex hun an der Nuecht vum 30. Abrell op den 1. Mee am Besch geschloof.

Vill Spass beim Kucken!