Demnächst

Wellefchersweekend zu Wëlwerwolz

Den 19 an 20 März 2011 hun Wellefcher en Weekend zu Wëlweroltz gemaach zum Thema Schwaiz.  Ener anerem hun Wellefcher owes Raclette matt schwaizer Kéis giess  e Quiz iwer Schwait an eng Auer vun Swatch gebastelt. Hei sin elo puer Fotoen vun eisem Weekend.

Owesiessen: Raclette :)

Buergbrennen 2011

D’Fotoen sinn endleg online!

D’Souten vu Luerenzweiler (FNEL an LGS) invitéieren iech härzlech op d’Buergbrennen zu Luerenzweiler.

De ganzen Nomëtteg iwer kennt Dir eis op der Schanz besichen, an eis bei der Aarbecht nokucken.

Vun 15.00 Auer un ass fir Iessen a Gedrenks gesuergt.

Den Heichpunkt vum Owend ass um 19.00 Auer, wann d’Buerg gebrannt get.

Fotoen vum Krëschtmaart 2010

An der Fotogalerie fannt der  e puer Fotoen vun eisem traditionellem Krëschtmaart deen läschte Sonnden am Centre Culturel zu Hielem statt fonnt huet.

Merci nach eng Kéier all deenen déi gehollef hunn!

Krëschtmaart 2010

D’Guiden a Scouten St. Laurent invitéieren iech häerzlech op hiren traditionellen Krëschtmaart um 3. Advent den 12. Dezember 2010 am Centre Culturel zu Hielem/Luerenzweiler.

Chrëschtmaart

vun 11:00 un Aperitif
vun 12:00 un servéieren mir iech 2 verschidden Menüer oder eppes vum Grill (dir braucht iech fir d’Iessen NET unzemellen)
vun 13:30 un Grog a Glühwäin

Ausserdem Verkaaf vun Chreschtarrangementer, Bastelaarbechten, Tombola a Spezialtombola.

Generations Internetsite op neier Adress

Ab Enn November geet den www.generations.lu Internetsite net méi. Dofir ass den Archiv vum Generations Camp 2010 ab sofort ennert folgender Adress ereechbar:

generations.lgslorentzweiler.lu

Generations Camp 2010

Am Moment ass eisen Generations Camp zu Luerenzweiler laanscht d’Velospiste voll amgaang. Wann dir wessen wellt wat mir de ganzen Dag sou maachen, da kommt eis roueg op d’Plaz besichen, oder kuckt iech d’Fotoen op eisem Site www.generations.lu generations.lgslorentzweiler.lu un!

Vergiesst och net nächste Sonnden, de 15. August op eis Porte-ouverte a Kirmes um Camp ze kommen!

Foto vum Pélé des jeunes 2010

D’Fotoen vum Pélé des jeunes 2010 sin online.

Dest Joer sin mir déi éischte Kéier vun Luerenzweiler aus ass zu Fouss duerch de Besch an d’Stadt gepilgert.

Fotoen vun der JoCaPi 2010

D’Fotoen vun der JoCaPi 2010 sin online. Mir hun zwar just déi 17 Platz vun 20 gemaach, mee trotzdem hate mer Spass op der Journée Carapio zu Sandweiler :)

Fotoen Buergbrennen

D’Fotoen vum Buergbrennen 2010 sin elo och endlech online.

Vill Spass beim kucken!

Buergbrennen 2010

D’Luerenzweiler PNL an LGS invitéieren iech härzlech op d’Buergbrennen den 21. Februar zu Luerenzweiler. Dir könnt eis de ganze Weekend iwer op d’Schanz besiche ze kommen. Sonndes gett et och eppes ze drénken an eppes vum Grill.

Géint 19 Auer get d’Buerg dann Sonndes gebrannt.