Aktivitéiten

Mir annoncéieren all eis zukünfteg Aktivitéiten op eiser Facebook Säit. Gidd Member vun eiser Facebook Grupp, a bleiwt emmer um Laafenden!

Elterenowend 2007

Jo, also eigentlech si mer jo schon 2008, mee leider huet eisen traditionellen Elterenowend, deen normalerweis am Hierscht ass, missen verluecht gin. Den Elterenowend ass een Sketchowend fir all eis Memberen, d’Elteren an d’Frenn vun de Luerenzweiler Guiden a Scouten, wou och nach eng Kéier d’Chefekipp virgestallt get, an eng Fotoshow vun den Aktivitéiten vum vergaangenen Guiden- a Scouts-Joer gewisen gin.

Wien well kann also dese Samschden, 8. März, am Festsall bei der aaler Gemeng zu Luerenzweiler laanscht kucke kommen. Lass geet et um 19:30 Auer. Thema vum Owend ass dest Joer „Comics“. Dir könnt iech also ennert aanerem op Optretter vum Lucky Luke, Mickey Mouse, oder och vum Tintin, freen.

Kommentär schreiwen