Aktivitéiten

Mir annoncéieren all eis zukünfteg Aktivitéiten op eiser Facebook Säit. Gidd Member vun eiser Facebook Grupp, a bleiwt emmer um Laafenden!

D’Buergbrennen 2013 am Zäitraffer

An hei ass dann och endlech den Zäitraffervideo vun eisem Buergbrennen!

An hei könnt der nach eng Kéier de Video vum läschte Joer kucken.

Fotoen vum Buergbrennen 2013

Dem Charel seng Fotoen vum Buergbrennen sinn online!

Buergbrennen 2013

Den Zäitraffervideo ass och geschwënn fäerdeg :)

Kéis-Owend

D’Raro invitéieren op Iech häerzlech op hiren Kéisowend zu Luerenzweiler am Foyer. Et erwaard Iech e flotten Owend mat der aler traditioneller Kéisraclette.

Präis: 25 Euro pro Persoun

Umellen bis den 20. Februar ënnert der Nummer 621 758 116 (Germain Fournelle)

Buergbrennen 2013

D’Souten vu Luerenzweiler (FNEL an LGS) invitéieren iech härzlech op d’Buergbrennen Sonndes de 17. Februar zu Luerenzweiler op der Schanz.

Buergbrennen 2013

De ganzen Nomëtteg iwer kennt Dir eis op der Schanz besichen, an eis bei der Aarbecht nokucken.

Vun 15.00 Auer un ass fir Iessen a Gedrenks gesuergt.

Den Heichpunkt vum Owend ass um 19.00 Auer, wann d’Buerg gebrannt get.

Eisen Event op Facebook

Ouschteréeraktioun

Mir verkaafen Ouschteréer fir e gudden Zweck

Kanu Dag

Um Kanu Dag bilden eis Cheffen sech weider, souzesoen eng Formation continue bei de Guiden a Scouten.

Buergbrennen

Eis traditionelt Buergbrennen zesummen mat de Scouten vun der FNEL op der Schanz.

Splash 2013

Mir schwammen fir de gudden Zweck!

Niewent dem Spaass um Schwammen geet et beim Splash natierlech och drëms fir Suen fir d’Odyssee 2013-Projet’en vun den Raro a Brasilien, Bosnien, Georgien, an Indien an am Senegal ze verdéngen.

Déi dësjäreg Editioun vum Splash ass an der Syrdall-Schwemm zu Nidderaanwen. De Splash ass den 2.2.2013 an dauert 12 Stonnen. Déi éischt Schwëmmer wäerten um 7:00 Auer am Waasser sinn. De ganzen Daach iwwer gëtt geschwomm bis dann um 19:00 Auer dee Läschten aus dem Waasser klemmt.

Weider Informatiounen ennert lgs.lu/splash

Chrëschtmaart 2012

D’Guiden a Scouten St. Laurent invitéieren iech häerzlech op hiren traditionellen Chrëschtmaart um 3. Advent de 16. Dezember 2012 am Centre Culturel zu Hielem/Luerenzweiler.

  • vun 11:00 un Aperitif
  • vun 12:00 un servéieren mir iech 2 verschidden Menüer oder eppes vum Grill (dir braucht iech fir d’Iessen NET unzemellen)
  • vun 13:30 un Grog a Glühwäin

Ausserdem Verkaaf vun Chreschtarrangementer, Bastelaarbechten, Tombola a Spezialtombola.

Eisen Event elo och um Facebook.

Chrëschtmaart

Traditionellen Chrëschtmaart um 3. Advent am Centre Culturel zu Hielem.