Aktivitéiten

Mir annoncéieren all eis zukünfteg Aktivitéiten op eiser Facebook Säit. Gidd Member vun eiser Facebook Grupp, a bleiwt emmer um Laafenden!

1.800 Euro fir d’Kanner vun den Tsunami-Opfer a Japan

Haut hu mir een Scheck vun 1.800 Euro, déi mir bei eiser traditioneller Ouschteréeraktioun gesammelt hun, un CARE Lëtzebuerg iwereecht.

Konkret gin d’Suen bei engem Projet vun CARE a Japan agesat, wou Kanner a Jugendlecher noom Erdbiewen an dem Tsunami psychologesch betreit gin.

Merci nach eng Kéier un all déi Leit déi Ouschteréer bei eis kaaf hun oder einfach sou gespend hun!

Kommentär schreiwen